Sud
Am Duerf, 6, 3436 Dudelange
En savoir plus ➜

Eng Brasserie oder Bistro fir Leit déi sech gären a ganz traditioneller Bewiirtung wuel fannen. De Kader ass ganz gemittlech duerch vill Holz, Steen a vill aner dekorativ Elementer sou wéi een dat an de Biirger fënnt. De Lëtzebuerger an och eis Nopern verbrengen hiir Fräizäit gären a Südtirol, Italien oder Eisterreich an den Dolomiten oder Alpen bis an d'Frankreich.
De Biergchalet ass schon iwer joerhonnerten eng ganz bewerten Architektur déi dofiir steet sech einfach wuel ze fannen. Mir wëllen dat och hei bei eis. De MontChalet gëtt d'Adress fir déi Leit déi gären a Rou a gemittlech hiire Pättchen drenken.
Mir machen keng groussarteg Gastronomie mais:

„Dir krit bei eis eng anstännech geschmiert.“

Dat beschte Brout an déi bëschte Charcuterie an dat direkt aus der Noperschaft all Dag frësch. De Kéis an de Gekachten fann dir och am MontChalet. A wëll d'ganz Woch just geschmiert gëtt machen mir fir ierch de Weekend een Champagnerfrühstück. Mir hun d'Auster an dee richtegen Champes scho moies um Dësch. Natiirlech mache mir fir déi séiss scho moies fréi een anstänescht Frühstück mat Schokolasbrout, dat passend Gebees oder Erdnossbotter vum feinsten. Fir d’Leit déi moies keng Zäit hun schmieren mir och eng fir matzehuelen an de Café direkt mat dabei. Dat traditionellt Jausebrett sou wei dat an Tirol oft ugebuede gëtt kri dir bei eis natiirlch sou wéi dir dat gewinnt sitt. Passend zu deem allem ass eis gréisste Freed de Béier. Mir hun eng ganz grouss Auswiel fir ze zapen an och an der Fläsch.

Déi gréissten Auswiel un Gin iwert de Rum bis hin zum Whisky hu mir fir all Client dat passend. Mir leen awer och vill Wert op Drëpp déi ee bëschen an der Vergiess geroden ass. Fir d'Liebhaber vun der der heller Drauw hu mir eng grouss Auswiel u lëtzebuerger an éisträichech Wäiner. Dat roud huelen mir aus Italien an Frankräich. Dat sprudelecht vun deenen beléiwsten Chateauen aus der Champagne. Mir freen eis fir ierch déi nei Stiffchen ze gin an Diddleng wou dir déi Leit begéingt déi dat och gären hun fir dat kënnen gemeinsam ze genéissen.

Horaires

Lundi07:00—11:30, 11:30—17:30, 17:30—00:00
Mardi07:00—11:30, 11:30—17:30, 17:30—00:00
Mercredi07:00—11:30, 11:30—17:30, 17:30—00:00
Jeudi07:00—11:30, 11:30—17:30, 17:30—00:00
Vendredi09:00—11:30, 11:30—17:30, 17:30—01:00(Aujourd'hui)
Samedi09:00—11:30, 11:30—17:30, 17:30—01:00
Dimanche09:00—11:30, 11:30—17:30, 17:30—00:00

Contact

26 51 11 56
info@montchalet.lu
www.montchalet.lu
Ouvrir la page

Réserver une table

Les avis des utilisateurs de Menu.lu

10 mai 2017 Dan THILL Déi bëschte Schmieren fann dir do.

Vous aussi laissez votre avis sur ce restaurant !


Chargement...